Fiescheralp

2018-06-22

Haut ware mer op d'Fiescheralp. Déi, déi nach ëmmer déck a Form ware, sinn de Wee iwwer den Tälligrat bei de Marjäleséi getrëppelt. Déi aner hun d'Ofkierzung duerch den Tunnel geholl, sinn dofir awer nach bis op d'Platta den Alteschgletscher vu méi no kucke gaang. Zréck si mer erem all zesumme komm.